Projeten

D'Crèchen

D'Crèchen

Eis Hëllef riicht sech virun allem un déi déi et am Neidegsten hun, d'Waisen an den Crèchen. All Rees gi mir an d'Crèche vun M'bour an verdeelen eis verschidden Donen, wéi Pampersen, Kleeder, Spillsaachen, asw. Mir kafen och Mëllechpolver lokal, dat ass dee Produit, deen se am meeschte brauchen.

D'Schoulen

Mir hëllefen och der Sinthiou Mbadane 1 Schoul zu Mbour, eisen kommende Projet ass d'Raimlechkeeten ze renovéieren oder souguer e weidere Klassesall ze bauen.

All Rees verdeele mir och Schoulmaterial fir d'Schüler an der Bambara School zu Saly, souwéi Computerausrüstung fir Enseignanten.

D'Dierfer

D'Dierfer vergiessen mir net, well dei brauchen och alles. Mat Ären Spenden kafe mir Iessen an de lokale Geschäfter, déi mir dann an dësen Dierfer, déi "Peuls" genannt ginn, verdeelen.

MERCI À TOUS !!!